E Familljefest emol ganz anescht
Ufank Februar huet zu Tivaouane (eng mëttelgrouss Staat nord-ëstlech vun Dakar) den alljährlechen „Gamou“ stattfonnt, en Pèlerinage zur Gebuert vum Prophete Mohammed. Zu dëser Geleeënheet pilgeren Dausende vun Senegalesen (an dëst Joer och ech) ob Tivaoune, fir sech an der Famill ze treffen an zesummen ze feieren.
Ech war mär scho bewosst dass Senegalesen méi grouss Famillen hunn wei mär, mä ech war awer net ob dat virbereet wat mech beim Nafy (eng vun den Animatricen vum CREPE) doheem erwaard huet. D’Haus vun senger Famill ass en Méi-Famillen-Haus, d.h. et besteet aus am ganzen 4 Haiser déi mat engem Bannenhaff verbonnen sinn; an ënnert Famill versteet sech bestëmmt eng 400 Leit, déi sech all an den Zëmmeren, am Haff oder ob der Daachterrasse verdeelen.

Verständlech, datt esou e grousst Evenement muss preparéiert ginn. D'Famill Diouf stellt all Joers en Organisatiounscomité zesummen, deen dat an d’Hand hëlt. D’Bannenhäff gi mat Baaschen iwwerdeckt (Schutz géint Sonn am Dag an Keelt an der Nuecht), op den Daachterrasse ginn Zelter opgeriicht an eng Anlage erlaabt d’Liveiwwerdroung vun den Feierlechkeeten an der Moschee.

D'Kichen an dësem Fall ass och e bësse méi grouss wéi gewinnt a besteet aus mindestens 10 Gruppen vu Fraen, déi sech all Kéiers ëm 1 «Dëppen » këmmeren. Wann ech «Dëppen» soen, sinn dat net déi Dëppen déi mär doheem am Kicheschaf stoen hunn, mä éichter sou grouss Dëppen, wéi se bei de Scouten benotzt ginn.

Eleng fir samschdesowes sinn 3 Kaalwer kaaft ginn an ech weess net wéi vill Kilo Ënnen, Räis a Gromperen…
Well de Gamou haaptsächlech iwwert d’Nuecht gefeiert gëtt, brauch natierlech jiddereen eng Schlofplatz, wat och ganz pragmatesch geléist gëtt. Jiddereen leet seng selwermatbruechte Matratz ob den Buedem, do wou grad Plaz ass, a kuschelt sech niewent säin Noper.
Am Groussen a Ganzen eng super flott Erfahrung.
Martine
Kiran (a Ray of Hope into Lives)
“Namaste!” Das ist hier in Nordindien eigentlich die geläufigste Form um “Hallo” zu sagen. Dabei faltet man dann die Hände auf der Brust zusammen und lehnt den Kopf leicht nach vorne. Leider ist “Namaste” auch eins der einzigen “Hindiworte” die ich schon richtig benutzen kann. Aber auch wenn mein Hindi noch nicht so perfekt ist, habe ich die letzten zwei Monate, die ich hier in Kiran verbracht habe, sehr genossen und schon viel gelernt.

Kiran ist eigentlich ein „center“ für Kinder mit “besonderen Fähigkeiten”, die dann hier zur Schule gehen können. Sehr viele der Kinder können nicht richtig gehen, nicht richtig hören, haben mentale Schwierigkeiten…
Die +/_ 250 Kinder die hier zur Schule gehen sind in verschiedene Klassen aufgeteilt. In fast jeder Klasse gibt es einige Kinder mit Rollstuhl, einige mit Krücken, einige die nicht hören können... aber auch ganz „normale“ Kinder.

Meine Hauptaufgabe ist der „Spiel- und Sportunterricht“ in den Klassen. Das war am Anfang schon sehr spannend, weil die Kinder so gut wie keine Spiele kannten und natürlich die Kommunikation auch nicht immer so einfach war. Außerdem schienen ihnen die Regeln der Spiele nicht immer so gut zu gefallen. Schummeln machte da schon mehr Spaß . Ich habe mit ihnen ganz von vorne angefangen und gelernt einen Ball aufzufangen, um ein Hütchen herumzulaufen ohne hinzufallen... Nach und nach hatten die Kinder immer mehr Freude am Spielen und haben auch schnell verstanden, dass auch Spiele mit Regeln Spaß machen können. Auch mit der Kommunikation wurde es eigentlich immer leichter. Das Kiran hat so ein bisschen seine eigene Art der Verständigung mit Händen und Füßen, da ja so wie so viele Kinder nichts hören können und das klappt eigentlich wunderbar . Jetzt habe ich sogar angefangen mit einigen der größeren Kids schon ein par Zirkusübungen zu machen, was auch super klappt!
Den Rest der Zeit verbringe ich meist im Boyshostel. Dort leben 20 Jungs im Alter von 7-12 Jahren, meist wegen der Einrichtungsmöglichkeiten, die sie zu Hause nicht haben. Morgens werden die Kleinen von den Didi’s (übersetzt: große Schwester) gewaschen, angezogen, sie bekommen zu essen und müssen sich für die Schule bereit machen. Da ist schon manchmal was mehr los, wenn man bedenkt, dass es im Januar noch nicht sehr warm ist und alle Kinder draußen mit warmem Wasser gewaschen werden, vor allem wenn dann alle zusammen versuchen, so schnell wie möglich ihre Uniform zu finden (die natürlich 20 mal gleich aussieht )... Nach der Schule gehe ich ins Hostel um den Kindern bei den Hausaufgaben zu helfen und zu spielen...
An den Wochenenden oder an den freien Tagen konnten wir auch mal besondere Aktivitäten machen wie Drachenfliegen, aufs Riesentrampolin gehen, einen Tempel besuchen oder einfach einen der vielen Feiertage hier genießen. (Foto: Holi, das Fest der Farben)

Und natürlich habe ich dann auch freie Tage, an denen ich Tempel besuchen kann, oder einfach nur in die Stadt gehe und dort das alltägliche Leben bestaune, weil hier ist schon so Einiges los!! Indien ist, glaube ich, wirklich eines dieser Länder, wo man behaupten kann, dass man es erlebt haben muss, um es zu glauben!
Michelle Krack
Mission de suivi zum Mboro/Senegal
(Januar 2012)

Am Kader vun der Visite gouf zesumme mat JED e Contract fir eng Evaluation d’Impact vum Projet JAPPOO ënnerschriwwen.

Samsdes, de 7. Januar war déi offiziell Aweiung vum Radio Communautaire a vum Restaurant Cyber JAPPOO.

Um CIFOP konnte mir eis iwwerzeegen, datt d'Material aus de Containeren sënnvoll agesat gëtt.

Mir hunn awer och profitéiert fir eisen anere Partner aus dem Senegal, AJE, op Mboro z’invitéieren an eng Réunioun mat hinnen ze halen.
Salaamaalekum !!
E schéine Bonjour aus dem Senegal, dem Land vun der « Terenga » ! Dass d’Teranga (Gaaschtfrëndlechkeet) hei enorm héich gehal gëtt, hunn ech schonn déi 1. Woch vu mengem Openthalt am Senegal dierften erliewen. Den 7. November ass Tabaski (islamescht Opferfest) gefeiert ginn, an och wann ech nach net vill Leit kannt hunn, huet et net un Invitatioune gefeelt !! Mä glecklecherweis gëtt d’Tabaski während 3 Deeg gefeiert, sou dass ech zesumme mat 3 verschidde Famille konnt feieren.
Ech muss awer soen, dass et schonn ongewinnt ass, dass een d’Schof eng hallef Stonn virum iessen nach huet héiere blöcken.

Déi 4 Méint déi ech zu Mboro (+- 100 Km nördlech vun Dakar) verbréngen, packen ech am CREPE eng Hand mat un, haaptsächlech bei der Animatioun vun den 5-7 jäerege Kanner, awer och an der Administratioun wou ech hinne mat informateschen Tipps an Tricks d’Aarbecht kann erliichteren.
D’Rentrée am CREPE war réischt den 14. November, sou konnt ech och un der Selection vun de Kanner deelhuelen. De CREPE ka bis ëm déi 200 Kanner unhuelen an et ass schonn net einfach aus bal 1.000 Kanner déi net an d’Schoul gin nëmmen dei 200 erauszesichen déi et am néidegsten hunn fir am CREPE ugeholl ze ginn. Mä wann dann och nach nëmme wéineg an och deelweis falsch Informatiounen zur Verfügung stinn (am Platz vun enger Adresse gëtt et hei nëmmen e Quartier, wou d’Leit och nach all ähnlech heeschen), dann ass et em sou méi komplizéiert d’Famillen ze informéieren dass hir Kanner an de CREPE kënne kommen.
Eng Woch no der bësse chaotescher Rentrée, sin Klassen awer opgestallt an den « Schoulbetrib » kann ufänken.
Et ass e Genoss ze gesinn mat wellecher Begeeschterung déi Kléng bei der Saach sinn, wei d’Hänn an d’Lut schéisse wann eng Fro gestallt gëtt oder fir eppes virun der Klass ze weisen.
Soulaang ech nach keen « Wolof » (déi afrikanesch Sprooch wou am Senegal am weitsten verbreet as) schwätzen, ass d’Kommunikatioun mat de Butze ganz schwéier, mä si brénge mer dat sécher ganz schnell bei.
Och d’Zesummeschaffen mat den anere Moniteuren mécht vill Spaass. D’CREPE-Team besteet aus knapp 20 Leit, déi mäscht zwëschent 25 an 35 Joer, a si sinn och bal all an de Scouten (oder engem anere Jugendmouvement) aktiv.
Sou gëtt et dann och am CREPE éischter no der Scoutsmethod (learning by doing, Team-work a Responsabilitéit iwwer kleng Gruppen) geschafft, wei no de klasseschen Enseignements-Methoden.

Nieft de Wanterméint mat ganz agréabelen Temperaturen (20-30°C), hunn ech och vill Chance mat de Festivitéiten. An well ech mech schon gudd integréiert hunn, liewen ech och no engem vun hire Motto’en “d’Fester gi gefeiert wei se falen”. Sou feiere mer hei ënnen demnächst eng senegalesesch Hochzäit, eng Soirée Dîner-Dance vun der Par vu Mboro (jo et ginn och déi eng oder aner Chrëschten hei ënnen), Tamxaarit (islamescht Neijoersdag) an natierlech Chrëschtdag a Silvester.
Déi bescht Gréiss aus dem sonnegen Afrika a bis geschwënn !! Incha'Allah.
Martine
Opération "Senegal Container" réussie!!
Sou wéi et an der Iwwerschrëft steet, krute mir et bei de "Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir ENG Welt" och ugangs September vun Dakar matgedeelt. Déi 2 Schëffscontainer (een 40 an een 20-Fouss) voll gelueden mat Schoulmaterial sinn via Antwerpen op hirer Destinatioun ukomm. D'Sammelen an d'Pake vun de Container sollt also seng Friichten droen a mir waren all erliichtert, datt d'gesammelt Material no enger Rees vu nëmmen enger (1) Woch bei eisem Partner am Senegal ukoum. Den Dédouanement goung erstaunlech séier, duerno goung et um Camion weider bis op Mboro an de CIFOP, wou d'Fräsen, d'Dréibänken, d'Computeren an d'Schoulmaterial ausgeluede an den Inventaire gemeet gouf.
Eis Partner vum CREPE a JAPPOO, d.h. den Ibou Gueye, den Mbaye Niang an de Bachir Diouf, soe Merci an deelen elo d'Geschir op déi verschidden Plazen op, wou et gebraucht gëtt.
Eise Merci geet un all déi Fräiwëlleg, déi Stonnen a Stonnen geaffert hunn, fir d'Containeren ze lueden.
Roy

August 2011
Visite aus Indien(Sr Anastasia)
2 Schëffscontainere fir de Senegal
An engem Elan vu Solidaritéit mat eise Partner am Senegal an ënnert dem Impuls vum Präsident Fränz Schartz huet sech d'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt derzou entschloss, eng ganz Rëtsch Material ze sammelen fir domat Beruffs-Ausbildungs-Atelieren am Senegal z'équipéieren - engem Land, wou mer zanter 1988 am CIFOP zu Mboro aktiv sinn.
Den Appel ass net op daf Oueren gestouss; au contraire war d'Retombée bei ville Schoulen enorm, sou datt net nëmmen 1 mä esouguer 2 Schëffs-Container elo d'Rees vun Antwerpen op Dakar wäerten untrieden. Eis 2 Chef-Logistiker Dan Godart an John Bertrand hunn d'Paken an d'Tässele während ville Stonnen an Deeg iwwerholl. Bravo!!

Formatiouns-Material (dat am Virfeld vun eise senegalesesche Frënn ausgesicht gouf) gouf eis generéis aus dëse 14 Schoulen (Formatiounszentren an Lycéeën) zur Dispositioun gestallt:
|
|
E grousse Merci geet vun eiser Säit och un d'technesch Servicer vun der Gemeng Dikkrech, d'Ettelbrécker Pompjeeë fir d'Léine vun hire Camionen an un d'Nidderaanwener Scouten, souwéi och dem Nordstadt-Lycée fir hir Camionnette.
Impressiounen no der Arrivée am Senegal reeche mer Iech no op dëser Plaz.
Mee / Juni 2011
Visite de Suivi am Niger
Partenaires
Amis de l'école et Scouts du Niger

Mee 2011
Visite aus Bolivien (Sr Karoline/Nicola Wiebe)
Mee 2011
Visite Partenaire AJE (René Sibomana)
|
Abrëll 2011 Aarbechtsvisite zu St. Gallen fir de Kiran (Urban Zehnder/Marianne Kraus/Sangeeta) |